"Net ze batter an net ze sauer w.e.g..." - kréie mer dachs gesoot. Richteg zoubereed, ass eise Klassiker aus Brasilien, dee ronn no Schokela a Noss mat vollem Kierper schmaacht, genau richteg dofir!
Brasilien - Fazenda Sertao
D'Fazenda Sertao, gefouert vum José Isidro, befënnt sech iwwer 1100m Héicht an huet eng duerchschnëttlech Jorestemperatur vun 18°.
D'Kaffisplanze leien op Hiwwelen mat bis zu 50% Neigung, wat d'Boune viru Frascht a Pilzinfektioune schützt an eng méi gläichméisseg Räifung garantéiert.
Zoubereedung:
Espresso - Medium Roast
Vun all eise Klassiker ass den Tutebatti am däischtersten geréischtert. Als eisen Allrounder ass en am beléiwsten am Vollautomat, well e souwuel als Espresso, wéi och als Lungo dégustéiert ka ginn.
Wat erwaart mech?
Textur: eng gutt Crema an e volle Kierper
Goût: ronn, Schockela, nosseg, keng Saier
top of page
€15.00Price
VAT Included |
bottom of page