top of page

"Net ze batter an net ze sauer w.e.g..." - kréie mer dachs gesoot. Richteg zoubereed, ass eise Klassiker aus Brasilien, dee ronn no Schokela a Noss mat vollem Kierper schmaacht, genau richteg dofir! 

 

Brasilien - Fazenda Sertao

D'Fazenda Sertao, gefouert vum José Isidro, befënnt sech iwwer 1100m Héicht an huet eng duerchschnëttlech Jorestemperatur vun 18°.

D'Kaffisplanze leien op Hiwwelen mat bis zu 50% Neigung, wat d'Boune viru Frascht a Pilzinfektioune schützt an eng méi gläichméisseg Räifung garantéiert.

 

Zoubereedung:

Espresso - Medium Roast

 

Vun all eise Klassiker ass den Tutebatti am däischtersten geréischtert. Als eisen Allrounder ass en am beléiwsten am Vollautomat, well e souwuel als Espresso, wéi och als Lungo dégustéiert ka ginn.

 

Wat erwaart mech?

Textur: eng gutt Crema an e volle Kierper

Goût: ronn, Schockela, nosseg, keng Saier

Tutebatti

15,00€Price
Tax Included |
    bottom of page